12.03.2020 20:10

Situatioun Coronavirus

Schoolclosed350.jpg

An der weltwäiter Kris vum Coronavirus ass et haut zu engem neie Moment hei zu Lëtzebuerg komm.
Wéi de Premier Minister, Xavier Bettel, den Owend matgedeelt huet, ginn d’Schoulen, d'"structures d'accueil" an d'Internater ab e Méindeg fir zwou Wochen, vum 16. bis den 29. Mäerz, am ganze Land zougemaach.
Am Interêt vun der Gesondheet net nëmme vun de Schüler, den Enseignanten, dem Personal vun de "structures d'accueil" an hire jeeweilege Famillen, mee vun der ganzer Gesellschaft, begréisst de Syndicat National des Enseignants sne/cgpf dës Decisioun fir esou géint d’Progressioun vum neie Coronavirus virzegoen.
Mat där Decisioun sinn allerdéngs vill oppe Froe verbonnen. Et ass eng Saach d’Schoulen zouzemaachen, eng Aner dës schwéier a nei Situatioun duerno ze geréieren. Aus deem Grond muss an nächster Zäit an aller Transparenz kommunizéiert ginn, fir dass déi ganz Schoulgemeinschaft sech net eleng gelooss fillt.
An deem Sënn erwaart den sne/cgfp dass den Educatiounsminister, Claude Meisch, muer de Moien konkret Detailer zur Schoulgestioun op senger Pressekonferenz gëtt.
An dësen Deeg steet Lëtzebuerg an Europa virun enger grousser, an nach ni do gewieschter Erausfuerderung, déi mir all zesumme solidaresch meeschtere mussen. Den sne/cgpf hofft dass d’Kanner an hir Famillen, d’Enseignanten, eis ganz Gesellschaft, dës schwéier Zäit zesummen an an nationaler Solidaritéit bewältegen.
#coronavirus #solidarité #luxembourg
De Comité central vum sne/cgpf

Votre navigateur est désuet!

Mettez à jour votre navigateur pour afficher correctement ce site Web. Mettre à jour maintenant

×