Wat bedeit den neien « Accord salarial » fir d’Enseignanten?
Gëschter huet dem SNE seng Daachorganisatioun CGFP en neie Gehälteraccord fir d‘Staatsbeamten an d’Staatsemployéen mat der Regierung ënnerschriwwen. Dësen Accord huet eng Lafzäit vun 2 Joer.
Den neie Gehälteraccord bréngt fir den Enseignant mat sech:
1) Am Joer 2023 kritt jiddereen eng 5%-teg Augmentatioun vum Punktwäert op den éischten 100 Punkte vu sengem Gehalt.
2) Ab Januar 2024 kënnt et zu enger genereller linearer Punktwäerterhéijung vun 1,95%.
3) D’Verbesserungen, déi d’ « Postes à responsabilités particulières » an déi domadder verbonne « Majoration d’échelon » ubelaangen, hunn am Enseignement e groussen Impakt.
• Bis ewell louch d’ « Majoration d’échelon pour postes à responsabilités particulières » bei 22 Indexpunkte fir d’Enseignanten aus dem « Groupe de traitement A2 ». Dës « Majoration d’échelon pour postes à responsabilités particulières » gëtt ab dem 1. Juli 2023 ëm 5 Indexpunkten erhéicht fir da 27 Indexpunkten ze erreechen.
• Bis ewell war de Contingent vun den Enseignanten, déi eng « Majoration d’échelon pour postes à responsabilités particulières » konnte kréien op 15% vum Effectif vun de Fonctionnairen, déi an hirem « Groupe de traitement » definéiert goufen, begrenzt. Am Enseignement fondamental huet dat bedeit, dass eng Rei vu méi jonke « Coordinateurs de cycle » net an de Genoss vun dëser Majoratioun koumen, well de Contingent vu 15% ausgeschöpft war an d’Verdeelung no der Anciennetéit innerhalb hirer Regioun gemaach gouf. Ab dem 1. Juli 2023 gëtt dëse maximale Contingent op 30% erop gesat. Dat bedeit konkret am Enseignement fondamental, dass déi grouss Majoritéit vu « Coordinateurs de cycle » elo endlech och hir « Majoration d’échelon pour postes à responsabilités particulières » kritt a fir hir Méiaarbecht a Responsabilitéit belount gëtt.
4) D’Dauer vum « Mécanisme temporaire de changement de groupe de traitemement », och bekannt als « Voie expresse », gëtt ëm 5 Joer verlängert. Dat bedeit, dass déi Léierinnen a Schoulmeeschteren, déi sech fir eng Funktioun als « Instituteur spécialisé » interesséieren (I-EBS, I-DS, I-CN) a kee Masterdiplom hunn, iwwert dëse Mechanismus bis 2030 an de « Groupe de traitement A1 » kënne kommen.
5) Am Joer 2013 goufen als Spuermoossnam d’Indemnitéite fir d’Participatioun a Kommissiounen an der ganzer Fonction publique em 25% gekierzt. Ab 1. Januar 2024 gëtt dës Spuermesure zum Deel opgehuewen an et kënnt zu enger Erhéijung vu 15% vun dësen Indemnitéiten.
6) De Bewäertungssystem gëtt elo endlech an der ganzer Fonction publique ofgeschaaft, ausser der Bewäertung nom Stage. Déi aner 2 Bewäertungsmomenter no 12, respektiv 20 Joer Déngscht falen awer ewech. D’« Gestion par objectifs », déi am Enseignement am Kader vum « Plan de développement de l’établissement scolaire PDS » stattfënnt, an d’Entretiene mam « Supérieur hiérarchique » bleiwe bestoen, däerfen awer op kee Fall iergend eng Form vu Bewäertung beinhalten. Dës Entretiene fannen ab 2023 net méi 1 Mol pro Referenzperiod statt, mee ginn dann alljärlech gemaach. Wéi bis elo wäerten dës Entretienen am Enseignement awer « Entretiens collectifs » bleiwen.
7) Ausserdeem ginn Aarbechtsgruppen, déi folgend Thematiken analyséiere sollen, « en place » gesat:
• « La protection des fonctionnaires et des employés de l’État en cas de maladie de longue durée » ;
• « Le droit disciplinaire en vue d’y apporter d’éventuelles améliorations ».
De Comité central vum SNE/CGFP
Mettez à jour votre navigateur pour afficher correctement ce site Web. Mettre à jour maintenant