Artikelen aus eisem Bulletin

  1. Liest hei den éischten Artikel vun eiser neier Rubrik "sne seniors": Artikel Bulletin 01/2021
  2. Artikel aus dem Bulletin 02/2021 mat den Themen: "Trëppeltour, Cours: Zoom, Teams a Co. an eisem neien Bistrot littéraire": Artikel Bulletin 02/2021
  3. "Bistrot Littéraire" - Artikel Bulletin 04/2021
  4. "Brandy mam Brandy" an "Bistro Littéraire" mam Roland Meyer - Artikel Bulletin 05/2021
  5. Liest hei den aktuellen Artikel vun eiser Rubrik "sne seniors": Artikel Bulletin 06/2021
  6. "Boufferdéngs Brauerei" & James Bond am neie Bulletin: Artikel Bulletin 01/2022
  7. Fannt elo eis nei Rubrik ënner SNE Seniors "Al Schoul - neit Liewen" an eng Réi wichteg Datumer vir sech virzemierken: Artikel Bulletin 02/22
  8. Liest hei eis nei Artikelen aus dem Bulletin 04/2022: "Al Schoul - neit Liewen" an "Trëppeltour Baumwipfelpad": Artikel Bulletin 04/22
  9. Déi positiv Wierkunge vun der Uechtsamkeet/Mindfulness op d'Gehieralterung: Artikel Bulletin 05/22
  10. Réckbléck an Ausbléck op 2022/2023: Artikel Bulletin 06/22

 

 

Aktivitéiten

2021

Trëppeltour Raschpëtzer – e Réckbléck

En Dënschdeg den 1. Juni 2021 hu sech eng Handvoll Memberen um Parking am Walfer Bësch op hallwem Wee fir op de Stafelter getraff, fir e Bauwierk kucken ze goen, dat de meeschte Lëtzebuerger kee Begrëff ass: d’Walfer Raschpëtzer. Bei beschtem Wieder si mir duerch de Fréijoersbësch getrëppelt; dobäi huet eise Guide vum Walfer SIT, den Här Guy Medinger, eis an d’Thematik vun dëse réimesche Vestigen agefouert. Eng ganz Rei vun de Rätselen em dës Bauwierker  krute mir an de folgenden dräi Stonne geléist: firwat déi Pëtzer gebaut goufen a firwat grad hei? Wéi d’Réimer sech ugeluecht hunn, fir ouni Maschinnen a Computer trotzdeem d’Riicht ze behalen? A firwat d’Pëtzer wärend Joerhonnerten an de Vergiess koumen?

Aner Rätselen awer bleiwen. Firwat schwätzen d’Leit zënter éiwegen Zäite vu Pëtzer, wou een dach bis an d’80er-Jore vum leschte Joerhonnert just Lächer am Bëschbuedem gesinn huet? A wou kënnt dat Wuert «Rasch» hir?

Obschonn ënnerwee eng ganz Rei Erklärungstafelen zum Thema stinn, ware mir eis eens, dass déi beschten Tafel, déi geneeste Skizz an den detailléiertsten Text d’Erklärunge vun engem Guide, bal hätt ech geschriwwen, vun enger Léierpersoun, net ersetze kënnen.    

 

Votre navigateur est désuet!

Mettez à jour votre navigateur pour afficher correctement ce site Web. Mettre à jour maintenant

×