01.04.2020 13:00

Léierkëscht fir doheem :-) Boîte d'apprentissage à domicile

elearning_blo_350.jpg

Als sne/cfgp hu mir eis Gedanke gemaach, wéi mir d’Schüler, d’Elteren an d’Enseignanten doheem weider beschtméiglech ënnerstëtze kënnen an der aktueller Situatioun, wou d’Schoule Wochen zou sinn.
De Bildungsoptrag an d’Freed um Léieren sinn eis all wichteg a sollen an dësen Zäiten net verluer goen.
Mir wëllen duerfir de Kanner hire Léierprozess weider ënnerstëtzen an den Enseignanten an den Elteren ënnert d’Äerm graïfe mat flotten Iddien a Ressourcen, déi mir op eisem Site zur Verfügung stellen.
Wann Dir also interessant Virschléi hutt, zéckt net eis déi eranzemailen op (sne@education.lu) an och eis Geschichten, Tutorials, Mol- a Basteliddien, déi mir posten, ze deelen.
Léieren op neie Weeër, léieren ouni Grenzen, ënnerstëtzt eis Initiative “Léierkëscht fir doheem!
De Comité central vum sne/cgpf.

Votre navigateur est désuet!

Mettez à jour votre navigateur pour afficher correctement ce site Web. Mettre à jour maintenant

×