03.10.2019 11:28

"Meet & Move" sne/cgfp - Membertour

Miniature Photo Tourbus.jpeg

Tëschent dem 7. Oktober an dem 8. November organiséiert de Syndicat National des Enseignants, sne/cgfp, e „Meet & Move“ - Membertour fir all den Enseignanten, déi a Schoulfroe matschwätze wëllen, Loscht ze maachen, sech beim sne/cgfp z’engagéieren.
Duerfir mécht de sne/cgfp Statioun an direkt 24 Schoulen uechtert d’ganzt Land, dat all Kéier no der Schoul, entweder um 12 Auer oder um 16 Auer, meeschtens direkt virun de Schoulgebaier.
Heimat invitéiert den sne/cgfp all d’Enseignante ganz häerzlech op e Gespréich, e Patt an e Schnittchen bei eis um Tourbus.

Et gouf eng Ännerung:
An der Gemeng Walfer gi mir de 4.11 um 12 Auer an d'Schoul vun Helsem.

Et koum eng Statioun derbäi:
De 4.11 um 16 Auer si mir an der Schoul vu Réiden.

Mir freeën eis drop Iech ze begéinen!

Votre navigateur est désuet!

Mettez à jour votre navigateur pour afficher correctement ce site Web. Mettre à jour maintenant

×