Här Minister, d’Enseignantë brauchen endlech kloer Äntwerten!
De 16. Abrëll huet den Här Minister Meisch op enger Pressekonferenz ugekënnegt, dass d’Grondschoulen aller Viraussiicht no de 25. Mee hir Dieren nees géifen opmaachen. Ob mir da vun deem Datum un erëm an d’Schoul kënne goen, ass awer net onbedéngt sécher. Déi weider Entwécklung vun der Pandemie wäert ons Opschloss doriwwer ginn.
Mir kënne just virdru warnen, aus wirtschaftlechen Iwwerleeungen eraus, alles ze séier nees opmaachen ze wëllen, an dobäi grouss gesondheetlech Risiken anzegoen. Nëmmen dat, wat vun de Gesondheetsexperten als verantwortbar ugesi gëtt, däerf och gemaach ginn. Fir den SNE/CGFP ass awer kloer, dass d’Gesondheet vun all de Schüler an all den Enseignanten absolut Prioritéit muss hunn. Do däerfen et keng Kompromësser ginn!
D’Schoulen, esou wéi annoncéiert, nees schrëttweis opzemaachen ass sécherlech eng Méiglechkeet. Et bleiwen allerdéngs nach vill, wann net esouguer ze vill Froen op, wéi dat konkret geschéie soll. Déi wichtegst dobäi ass: Wéi kënne mir d’Schüler an d’Enseignantë schützen an hir Gesondheet, esou wéi déi vun hire Familljen, net onnéideg op d’Spill setzen.
Am Virfeld vun enger Videokonferenz mat de Vertrieder vun de Gewerkschaften aus dem Enseignement fondamental, déi den 22. Abrëll stattfonnt huet, hat den SNE/CGFP dem Educatiounsminister e Froekatalog mat pertinente Froe vun den Enseignanten zur Reouverture zoukomme gelooss. Dës sinn och deelweis beäntwert ginn, mee bei ville Froen huet et awer geheescht, dass dat nach gekuckt a gekläert misst ginn. Fir eng eventuell Reprise muss de Kader awer präzis definéiert sinn.
Vun de Schoule gëtt erwaart, dass si no an no nees opmaachen, mee wéi dat konkret soll ëmgesat ginn, steet haut, de 26. Abrëll nach an de Stären. Den Drock op d’Schoulen an op d’Léierpersonal ass deemno aktuell immens héich. Fir den Enseignant heescht et nämlech weider den aktuellen “enseignement à distance” ze geréieren, parallel eng zweet Rentrée am Schouljoer mat villen Ongewëssheeten ze plangen a schonn de Bléck op d’Rentrée am September 2020 ze riichten!
Fir den SNE/CGFP ginn et awer op jidder Fall eng Rei Tabuen:
• D’Schoule mussen eng gewësse Flexibilitéit bei der Opstellung vun hirem Horaire behalen, esou dass deene lokale Begebenheete ka Rechnung gedroe ginn. Et däerf keen nationalen Horaire fir all d’Schoulen imposéiert ginn.
• Keen däerf gezwongen, respektiv ënner Drock gesat ginn, fir Iwwerstonnen ze leeschten.
• D’Aarbechtszäit muss nach ëmmer a «Schoulstonnen» an net a «Stonne» berechent ginn an et däerf net zu enger net remuneréierter Aarbechtszäitverlängerung kommen.
• Keen Enseignant däerf derzou gezwonge ginn, mëttes an der «Structure d’accueil» ze schaffen. Mir brauchen all Enseignant moies an der Léier- oder Übungswoch.
• Enseignanten oder Kanner, déi am Confinement mat vulnerabele Persoune sinn, mussen doheem bleiwe kënnen.
• D’Coursen däerfen net gefilmt ginn, ausser mam explizitten Accord vun alle Bedeelegten, Eltere vun de Kanner an Enseignanten.
• Den C1 muss zoubleiwen, well et an eisen Aen onméiglech ass, do déi sanitär Recommandatiounen anzehalen. Dës Weideren ass et ondenkbar bei dëse klenge Kanner de «social distancing» ze garantéieren.
• A- a B-Wochen erginn nëmmen e Sënn, wann et néirens, also och net an der Maison relais, zu Rassemblementer a Vermëschunge vu Gruppe kënnt.
D’Léierpersonal, d’Elteren an d’Kanner si veronséchert an hunn zum Deel och Angscht an dofir erwaarde mir vum Här Minister elo endlech verbindlech Äntwerten op all eis Froen ze kréien. Mir erwaarde vum Här Minister, dass hien d’Kanner an d’Enseignantë net am Stach léisst an dass bei all Decisioun, déi getraff gëtt, d’Gesondheet an dat emotionaalt Wuelbefanne vun de Kanner an den Enseignanten, esou wéi hire Familljen, déi iewescht Prämiss ass.
De Comité Central vum SNE/CGFP
Mettez à jour votre navigateur pour afficher correctement ce site Web. Mettre à jour maintenant