27.09.2019 13:25

Ze vill administrativen Opwand, an net genuch Personal

Patrick RTL .jpg

E Mëttwoch de Moien, de 25 September, war de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE/CGFP, Patrick Remakel, den Invité vun der Redaktioun bei RTL Radio Lëtzebuerg

Ze vill administrativen Opwand, an net genuch Personal – dat si fir de Patrick Remakel zwee vun de Problemer, firwat d’Léierpersonal den Ament ganz onzefridden ass.

De President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE fuerdert ganz séier vill Changementer, well d’Schoulmeeschteren an d’Léierinne gäre wéilte Schoul halen, mä dat einfach ënnert den haitege Konditiounen dacks net machbar wier.

Den administrative Waasserkapp wier einfach ze grouss, an d’Basis vum Schoul hale géif doduerch dacks ze kuerz kommen.

Et géife méi sougenannten “instituteurs spécialisés“ gebraucht ginn, an och méi Leit an den „équipes de soutien“.

Et wier och e Fakt, dass et an de leschte Jore ganz vill Reformen an der Grondschoul gouf, vläicht souguer ze vill mengt de Patrick Remakel. Et sollt een deenen elo mol Zäit ginn, a parallel do wou et net klappt nobesseren, wéi beispillsweis bei der EDIFF, déi net adequat géif funktionéieren.

D’Clichet-Argument, dass d’Léierpersonal bei vill Vakanz, an enger héijer Pai, sech mol manner sollt opreegen, léisst den SNE-President net gëllen. Wann dat esou wär, dann hätt ee jo keng Penurie u Leit. Vläicht misst een eng Campagne lancéieren, fir de Beruff vum Enseignant nees an e bessert Liicht ze réckelen, an nees déi Jonk och méi fir déi Beruffsrichtung ze motivéieren.

Op Dauer kéint een nämlech net just mat "Quereinsteiger" schaffen. Zil misst et sinn, all d’Poste mat diploméierte Leit ze besetzen. (rtl.lu)

Votre navigateur est désuet!

Mettez à jour votre navigateur pour afficher correctement ce site Web. Mettre à jour maintenant

×